StauséiMann fält vu Fiels ronn 3 Meter an d'Déift

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg gouf géint 16.10 Auer eng Persoun blesséiert.
© RTL Archivbild

Wéi et vun der Police e Samschdeg de Mëtteg heescht, wier de Mann un enger vun de Plage um Stauséi bei Lëlz vun engem Fiels ronn dräi Meter an d’Déift gerutscht.

Secouristen hu sech op der Plaz ëm de Blesséierte gekëmmert, ier hie mat engem Rettungsboot vun der Plage gebuerge gouf. Hie gouf dunn an d’Spidol bruecht, schwéier Blessuren hat hien der Police no allerdéngs net.

Back to Top
CIM LOGO