PoliceMann festgeholl, dee senger Ex-Frëndin gedreet hat, si ëmzebréngen

RTL Lëtzebuerg
Eng Fra hat e Freideg de Mëtteg um 113 ugeruff, well hire fréiere Partner Menacen um Telefon gemaach hat.

Hie géif an engem Geschäft fir Baumaterial zu Beetebuerg op si waarden, fir si ze schloen. Wärend deem Gespréich wären och Morddreeunge geäussert ginn.

Eng Patrull huet de Mann fonnt. De Parquet gouf informéiert an huet dunn den Uerder ginn, de Mann festzehuelen. Säin Handy gouf beschlagnaamt a seng Wunneng duerchsicht. E puer Messeren an elektronesch Apparater goufen och beschlagnaamt. Um Samschdeg koum de Mann virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO