
Nodeems en Donneschdeg den Owend géint 18:10 Auer e Automobilist mat sengem Gefier zu Réimech an der Rue de la gare an eng Mauer vun engem Haus gerannt ass, ass dësen an de Bäifuerer am geschiedegten Auto einfach fortgefuer.
Wäit ass hien awer net komm: Nëmmen 80 Meter méi wäit, konnt de Won op engem Parking an der Montée St.Urban fonnt ginn. E wéineg méi spéit koum de Chauffeur aus engem Haus an ass op d'Beamten duer gaangen. Dëse war staark alkoholiséiert, den Test huet gewisen, dass de Mann däitlech iwwert der zoulässeger Limitt war. De Permis gouf nach op der Plaz vun de Beamten agezunn. Um Wee op de Police-Büro huet de Chauffeur dunn och nach d'Beamte beleidegt a provozéiert.