
240 Sozialstonnen, e Verbuet vu 5 Joer, fir mat Mannerjäregen ze schaffen, an eng Geldstrof vu 5.000 €: Dozou gouf en Dënschdeg am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad e Mann veruerteelt, deem virun allem de Besëtz vu kannerpornografeschem Material virgehäit gi war.
An 1. Instanz war "nëmmen" d'Geldstrof an Héicht vu 5.000 € gesprach ginn.
De Mann soll 2015/2016 en deemools mannerjäregt Meedchen dozou benotzt hunn, fir op d'mannst 25 kannerpornografesch Fotoen an ee sou e Film ze produzéieren.