
De Mann ass doropshin an d’Haus komm. Séier huet d’Affer awer gemierkt, datt et sech net ëm den Enkel handelt. De Mann huet dunn uginn, op der Plaz se sinn, fir Aarbechten um Haus ze maachen. Wéi de Bewunner d’Persoun aus dem Haus verwisen huet, huet dës de Portmonni vum Affer geklaut.
Den Déif konnt flüchten. Eng Plainte gouf gemaach.
Persoun gëtt Token-Nummer eraus a kritt Suen ofgebucht
Dann huet eng Persoun bei der Police an der Stade eng Plainte gemaach, well si Affer vu Bedruch ginn ass. Onbekannt Täter hate sech um Telefon als Mataarbechter vu Luxtrust ausginn an d’Affer opgefuerdert, hir Nummer vum Token ze soen.
D’Affer huet kuerz drop misse feststellen, datt eng véierstelleg Zomm vum Konto ofgebucht gouf.
Präventiv Rotschléi vun der Police fënnt een hei.
Op enger Terrass zu Beetebuerg gouf e Samschdeg den Owend e Mann vun zwou jonke Persounen ugeschwat. Dës hunn him een Ziedel gewisen an dobäi dem Mann säin Handy um Dësch verdeckt. Wéi déi zwee vun der Terrass fortgaange sinn, huet d’Affer festgestallt, dat säin Handy geklaut gouf.
Déi Onéierlech hu sech duerch d’Bascht gemaach.