Police deelt matMann gëtt um Boulevard Royal blesséiert a vun Auto matgeschleeft

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt en Tëschefall hënt um Boulevard Royal an der Stad bei deem eng Persoun liicht blesséiert gouf.

De Mann wier vir d’éischt aus ongekläerte Grënn vun 3 Persounen attackéiert a blesséiert ginn. Dobäi wier hien op d’Strooss gefall, dat virun en Auto, dee wollt laanscht fueren. De Chauffer wier dunn erausgeklommen an hätt de blesséierte Mann mam Fouss gerannt, iert e wollt weider fueren. De Mann hätt sech dunn, fir dat ze verhënneren, nach um Auto festgehale a wier e puer Meter matgeschleeft ginn. De Chauffer gouf kuerz drop vun der Police fonnt a festgeholl. D’Affer koum mat liichte Blessuren an d’Spidol.

D’Police huet vun e Freideg op e Samschdeg dann 2 Persounen ugehalen, déi ze vill Alkohol consomméiert haten. Dat war géint hallwer 4 zu Dikrech, wou e Mann mam Motor un hannert dem Steier geschlof huet, a kuerz viru 6 de Moie fréi tëschent Schëffleng a Keel, do hat en alkoholiséierte Chauffer eng Pann.

Weider mellt d’Police, datt e Freideg am Nomëtteg e Mann op der Gare festgeholl gouf, deen handgräiflech gi wier, wéi d’Beamten e kontrolléiere wollten. Am Rives de Clausen wier an der Nuecht op e Samschdeg géint 3 Auer e Mann vun 3 anere Männer beklaut ginn. Op der Gare an zu Schëffleng wieren an de leschten Deeg Drogendealer gepëtzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO