
De Motor vum Auto ass gelaf an dobäi hat de Mann guer kee Permis, wéi sech bei der Kontroll erausgestallt huet. Donieft goufe bei him an am Auto Boergeld, Handyen, Haschisch, e Messer an en Taser fonnt. De Mann, dee géint geriichtlech Oplage verstouss huet, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.