Policebüro zu DiddelengMann huet rebelléiert an e Beamten attackéiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg huet e Mann sech zu Diddeleng um Policebüro donieft beholl.

Hien ass an de Büro erakomm an huet d'Beamte provozéiert an huet sech immens aggressiv beholl. Wéi d'Polizisten de Mann opgefuerdert hunn, sech ze berouegen, ass hien am Waardesall ausgeflippt. Doropshin hunn d'Beamten hie virun d'Dier gesat.

De Mann ass awer nees an de Büro gestiermt a wollt e Beamten attackéieren, dëst konnt awer verhënnert ginn an de Mann gouf immobiliséiert.

Back to Top
CIM LOGO