PéitengMann klaut Liwwerwon a gëtt doropshi festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg huet d'Police eng Persoun gepëtzt, déi e Gefier am Süde vum Land geklaut hat.
Symbolbild
Symbolbild
© RTL-Archiv

De Liwwerwon stoung zu Péiteng op der Place du Marché, wéi en Onbekannte sech domat duerch d’Bascht gemaach hat. De Chauffer hat de Schlëssel am Gefier stieche gelooss. De geklaute Won konnt kuerz dorop zu Suessem an der Rue de Nidderkorn ermëttelt ginn. De Verdächtegen hat sech an enger Heck verstoppt an de geklaute Schlëssel bei sech. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Hien hat en Dënschdegnomëtteg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO