
Éischten Erkenntnisser no hat den agresséierte Buschauffer dem Mann am Auto getut. Doropshin ass den Autoschauffer stoe bliwwen an huet dem Bus mat sengem Won de Wee verspaart. Hien ass aus sengem Auto geklommen, ass bei de Bus gaangen an huet dem Buschauffer dunn duerch déi oppe Fënster an d'Gesiicht geschloen. De Verdächtegen ass duerno a sengem Auto geflücht.
Et goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet an et gouf ee Protokoll zum Virfall erstallt.