
Um Stater Geriicht goufen um Freideg an der Mëttesstonn 15 Joer Prisong, mat engem méiglechen Deel Sursis probatoire, fir eng Fra gefrot. Si hat virun eppes méi wéi 4 Joer hire Mann zu Mäertert 3 Mol mat engem Messer gepickt. Zwou vun de Blessure waren déidlech.
Et gouf scho méi dacks Gewalt an der Koppel an am Februar 2015 dunn eng zolidd kierperlech Ausenanersetzung, un där hirem Enn de Mann am Spidol gestuerwen ass.
D'Uerteel an dëser Affär vun Doudschlag gëtt de 4. Abrëll gesprach.
Um 1. Dag vum Prozess gouf de bal eng Stonn laange Film vun der Rekonstruktioun vun der Dot gewisen, Eric Ewald:
D'Autopsie hat 3 wesentlech Stéchblessure gewisen, hat e Geriichtsmedeziner um Ufank vun der Sëtzung ausgesot. Eng un der Broscht, bei där eng Schlagoder getraff gouf, wann och net d'Häerz, an eng um Réck, bei där d'Haaptschlagoder zwar net getraff gouf, wären awer déi uergst gewiescht an de Mann doropshi verblutt. Wéi hien d'Fra ënnersicht huet, hätt déi him gesot, si hätt deemools op eemol e Kichemesser am Grapp gehat. Si wéisst awer net, wat domat geschitt wär. Et wär vill Alkohol am Spill gewiescht: De Mann hätt 2,45 an d'Fra zur Zäit vun der Dot wuel ëm déi 2 Promill intus gehat.