Eng zweete Kéier am AppellMann muss sech nees wéinst Opruff zum Haass veräntweren

RTL Lëtzebuerg
De Mann hat ënner anerem an de soziale Medie geschriwwen, datt Kanner vu Flüchtlingen dierfte klauen a mat Drogen handelen, ouni datt eppes ënnerholl gëtt.

Op der Cour d'appel an der Stad gouf  an enger Affär vun Opruff zum Haass op en Neits d'Verurteelung vun engem Mann gefrot, woubäi d'Vertriederin vum Parquet général de Riichter d'Héicht vun enger Geldstrof dofir iwwerlooss huet.

Am Januar 2018 war de Mann ewell an zweeter Instanz zu sou enger Strof vun 2.000 Euro condamnéiert ginn. Well d'Cour de Cassation dat Appellsuerteel awer annuléiert hat, wéinst am Urteel net definéierten Zäitëmstänn, hat d'Affär missen zréck bei d'zweet Riichter.

De Mann hat am September 2015ënner anerem geschriwwen, dass Kanner vu Flüchtlingen eis Kanner schloen a beklaue géifen an a Schoule mat Drogen handelen dierften, wougéint näischt géif gemaach ginn. Dat neit Appeluerteel gëtt den 3. Mäerz gesprach.

Back to Top
CIM LOGO