Falsche BommenalarmMann muss sech viru Geriicht veräntweren

RTL Lëtzebuerg
Wéinst falschem Alarm krut e Mann vun 53 Joer en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht de Prozess gemaach.

Wéinst falschem Bommenalarm viru Geriicht / Eric Ewald

Dem Mann gouf virgehäit, am Abrëll 2017 9 Mol beim 113 ugeruff ze hunn, fir ze soen, dass an der Fixerstuff geschwë géif eng Bomm explodéieren.

D'Police hat d'Gebai an dat direkt Ëmfeld deemools evakuéiere gelooss an den Hond, deen op d'Detektéiere vu Sprengstoff spezialiséiert ass, hat den Abrigado duerchsicht. Zimlech séier war kloer, wien hannert deem falschen Alarm stéing.

De Mann, deen en Donneschdeg net fir säi Prozess ugetrueden ass, well hie viru kuerzem operéiert ginn ass, gouf virzejoert séier identifizéiert, huet de Vertrieder vum Parquet betount: Engersäits hätt d'Police, déi "hir Clientèle kennt", direkt de Lien mat him gemaach an anerersäits hat eng Persoun an engem Bus ee vun den Appelle vum Mann matkritt.

Deem seng Affekotin huet de Mann en Donneschdeg de Moie virop fir seng Dot entschëllegt. Hie wär sech bewosst, eng riseg Dommheet gemaach ze hunn, sou d'Me Cathy Hoffmann. Hie wär deen Dag mat 2,1 Promill Alkohol am Blutt relativ voll gewiescht an hätt donieft nach eng ganz Rëtsch Pëlle geholl gehat. Da wär hien an engem Delirium, an deem hien alt scho mol gemengt huet, hie wär en Engel a kéint aus der Fënster sprangen. De Client, deen a Behandlung ass, hätt sech berouegt, dat Ganzt wär awer kee Kavaléiersdelikt, well déi Zäit méi där Saachen um Lafe waren. De Mann mat der agitéierter Vergaangenheet géif sech heifir schummen, an dass hien dowéinst ee Mount am Prisong souz, hätt hie gerëselt. D'Affekotin huet eng Suspension du prononcé fir hire Mandant gefuerdert, d.h. et géif wuel festgehale ginn, dass Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach ginn.

D'Police war mat 9 Patrullen intervenéiert, huet de Vertrieder vum Parquet ze bedenke ginn, an et koum zu enger Evakuatioun an zu enger Perquisitioun. De Mann hätt der Fixerstuff eng wëllen auswëschen, wat awer Perturbatiounen no sech gezunn hätt. De Beschëllegten hätt dann och zu Protokoll ginn: "Ech hu Schäiss gebaut!" Well de Mann awer net geféierlech a seng Plaz net am Prisong wär, sollt hien zu Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet condamnéiert ginn. D'Uerteel ass fir den 28. Mäerz.

Back to Top
CIM LOGO