
Zu Rëmeleng hunn d’Poliziste misse géint 18 Auer an engem Lokal an der Grand-Rue intervenéieren. Hinne gouf e Mann gemellt, dee sech aggressiv verhale géing. Och a Presenz vun der Police wollt hie sech net berouege loossen, huet d’Personal beleidegt a wollt d’Lokal net verloossen. Well hie wéinst sengem aggressive Verhalen eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, koum hien als éischt fir eng Kontroll an d’Spidol an dunn an de Passage-Arrest.
E Sonndeg de Moien hunn d’Beamte vun der Police eng Partie Chauffere kontrolléiert, déi Alkohol consomméiert haten. An der Stad op der Kräizung Avenue de la Faiencerie/Boulevard de la Foire huet een Automobilist e Schëld op enger Verkéiersinsel ze pake kritt a sech dunn a Richtung Kierchbierg aus dem Stëbs gemaach. Kuerz dorop konnt hie vun der Police gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv, de Fürerschäi gouf agezunn.
Géint 6.30 Auer ass eng Patrulle vun der Police op eng Persoun opmierksam ginn, déi hinne schonn am Virfeld an engem Lokal zu Esch wéinst hirem aggressive Verhale gemellt gouf. Wéi de Chauffer an eng Sakgaass agebéit ass an dunn nees no hanne wollt erausfueren, krut hien d’Gefier vun der Police liicht ze paken. Wéi sech erausgestallt huet, war de Mann trotz Fuerverbuet ënnerwee. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, e Protokoll gouf geschriwwen. An der Rue Belval war iwwerdeems eng Persoun mat ronn 120 km/h ënnerwee. Och hei war Alkohol am Spill. De Chauffer hat keng gëlteg Versécherungspabeieren dobäi a gouf protokolléiert.