Mat Pefferspray gesprëtztMann no Ausernanersetzung an Akafszenter um Kierchbierg festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg koum et der Police no zu engem Sträit an engem Akafszenter um Kierchbierg, nodeems eng Persoun do negativ opgefall ass.
© Shutterstock

Éischten Informatiounen no hat e Mann an der Keess haart a provozéierend Parole vu sech ginn. Wéi hie vun engem anere Client dorop ugeschwat gouf, huet de Mann eng Dous Pefferspray aus der Täsch gezunn an huet de Client domat ugegraff. Heibäi goufen nach 2 weider Persoune getraff.

D’Police konnt de presuméierten Täter spéider beim Sécherheetspersonal vum Buttek an Empfang huelen an hie koum mat op de Policebüro. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an huet sech e Sonndeg misse virum Untersuchungsriichter veräntweren.

Déi 3 Leit, déi am Akafszenter vum Pefferspray getraff gi waren, goufen op der Plaz vum Personal versuergt.

Back to Top
CIM LOGO