ColmerMann no Iwwerfall vu Jugendleche liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am spéiden Nomëtteg krut d'Police een Iwwerfall zu Colmer gemellt.
© Police

Ee Mann war op der Gare vun 8 Jugendlechen iwwerfall ginn. Déi Jonk hunn d’Affer e puer Mol op de Kapp geschloen, him den Handy, de Brëll an d’Schong geklaut. De Mann gouf dobäi liicht blesséiert.

E Samschdeg den Owend gouf dann an der Stad ee jonke Mann um Boulevard Jean Ulveling iwwerfall. Een Onbekannten hat hien ugeschwat an no enger Zigarett gefrot. Wéi de Mann Nee gesot huet, huet déi aner Persoun hie bedreet. Nodeems d’Affer him säi Portmonni a seng Bijoue ginn huet, ass den Täter fortgelaf.

Et gouf eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO