
Direkt dono huet den alkoholiséierte Mann, dee fir d’Onrou responsabel war, selwer beim 113 ugeruff a Mordmenacen ausgeschwat. Op der Plaz konnt d’Patrull de Mann souwéi seng Fra an hir Kanner untreffen.
Éischten Informatiounen no gouf d’Fra mat engem Kichemesser bedreet, dat vun der Police saiséiert gouf. De Parquet gouf informéiert an huet doropshin ordonéiert de Mann festzehuelen. E Méindeg am Nomëtteg kënnt den Täter virun der Untersuchungsriichter.
En Awunner aus Nidderkuer huet e Méindeg de Moien der Police e staarke Marihuana-Geroch an der Route de Bascharage gemellt, deen aus engem Keller vum Gebai komme géing. Mat der Hëllef vun der Hondsstaffel konnten d’Polizisten am Keller eng Partie Cannabisplanzen an engem Zelt mat speziellem Dispositif fannen an op Uerder vum Parquet saiséieren.