PoliceMann no Sträit a Menace mat Messer an Arrest

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et géint 23.30 Auer an engem Wunnhaus an der Rue Michel Rodange an der Stad zu engem Sträit wéinst ze vill Kaméidi.
© RTL Archivbild

Eng Fra hat der Police matgedeelt, dass e Mann wärend dem Sträit e Messer gewisen huet. Op der Plaz hunn d'Beamten effektiv e ganz opgereegte Mann ugetraff. Hie krut Handschellen un a koum an Arrest. D'Messer gouf sécher gestallt.

Een anere Mann gouf opdrénglech an huet d'Polizisten ugejaut, ma d'Beamte kruten e berouegt.

Géint 4.15 Auer an der Nuecht op e Sonndeg krut d'Police donieft nach e Won gemellt, dee mat héijer Vitess duerch Déifferdeng gefuer ass. D'Police konnt den Automobilist ausmaachen, deen deels mat iwwer 100 km/h ënnerwee war. Op der A13 konnt de Mann gestoppt ginn. Hie krut de Permis ewech geholl an e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO