Ee Beamte blesséiertMann probéiert ze flüchten a fiert mam Auto op Polizisten duer

RTL Lëtzebuerg
Am Quartier Neiduerf zu Esch war e Sonndeg ee Beamte blesséiert ginn, wéi en alkoholiséierte Chauffer mat sengem Gefier op d'Polizisten duergefuer ass.
© RTL

Am spéide Sonndegnomëtteg war d’Police an de Quartier Neiduerf op Esch geruff ginn, nodeems e staark alkoholiséierte Mann no enger haislecher Gewalt mat sengem Auto flüchte wollt an dobäi bal seng Fra iwwerrannt hat.

Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen an de Chauffer opgefuerdert hunn, de Motor auszemaachen, huet de Mann probéiert hannerzeg aus der Strooss ze fueren, déi allerdéngs eng Sakgaass ass. Doropshin ass den alkoholiséierten Automobilist mat Vollgas an déi aner Richtung op d’Polizisten duergefuer, déi dem Auto zu Fouss nogaange sinn a sech mat engem Sprong op d’Säit hu missen a Sécherheet bréngen.

Um aneren Enn vun der Strooss huet de geflüchten Täter allerdéngs eng Vollbremsung misse maachen, well d’Fuerbunn duerch eng Rei Autoe blockéiert war. Wéi de Mann weiderhin net op d’Opfuerderung vun de Beamten agaangen ass, aus dem Auto ze klammen, hunn d’Polizisten d’Fënster vum Auto ageschloen an de Mann, dee sech dogéint gewiert huet, immobiliséiert.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter, deen e Mandat d’arrêt géint hien ausgestallt huet.

Beim Asaz gouf ee Polizist blesséiert, dat ursprénglecht Affer vum Mann huet keng physesch Schied dovu gedroen.

Back to Top
CIM LOGO