Accident a FahrerfluchtMann refuséiert Alkoholtest a kritt Permis ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
Zu Waarken an der Rue de Welscheid krut d'Police géint 5 Auer e Samschdeg de Moien en Accident gemellt. De Chauffer hat sech ewech gemaach.
© RTL Archivbild

De schëllege Automobilist hätt wuel gedronk, sot den Zeie géintiwwer de Beamten.

Op der Plaz huet d'Police effektiv d'Stoussstaang vum accidentéierte Gefier op der Strooss fonnt an och e puer Hecke ware beschiedegt. Well de Chauffer fortgefuer war, sinn d'Beamte bei hien Heem gefuer.

Obschonns de Mann e puer Mol d'Prozedur vum Otemtest erkläert krut an och, wat d'Konsequenze vun engem Refus sinn, wollt hie keen Test duerchféiere loossen. Doropshin krut hien de Führerschäin ewechgeholl.

Ee weidere Permis gouf an der Nuecht op e Samschdeg agezunn. Dat géint 1.15 Auer op der N15 an Direktioun Schumannseck. En Zeien hat der Police do e Won gemellt, deen am Zickzack ënnerwee war. De Mann ass deem Chauffer nogefuer bis d'Police do war.

Back to Top
CIM LOGO