
En Dënschdeg de Mëtteg war op der Cour d'appel an der Stad den zweete Prozess ëm ënner anerem d'Sequestratioun vun engem Mann am August 2015 zu Stroossen. Dofir war am November en haut 26 Joer ale Mann um Stater Geriicht zu 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, veruerteelt ginn.
Dee Mann a seng deemoleg Frëndin sollen d'Affer mat engem Messer an de Réck, an en Aarm an an e Fouss gepickt, et geschloen an ugestréckt an him mam Doud gedreet hunn. D'Vertriederin vum Parquet général an den Affekot vum Beschëllegte louche bei der Bewäertung vun där Dot wäit auseneen.
Iwwerdeems den Affekot nämlech fonnt huet, d'Prisongsstrof fir säi Client sollt net iwwert dat erausgoen, wat de Mann ewell ofgesiess hätt, huet d'Vertriederin vum Parquet général d'Confirmatioun vum 1. Uerteel gefrot.
Um Ufank vun der Sëtzung hat den Ugekloten erkläert, an Appell gaangen ze sinn, well hie verschidde Saachen, déi him virgehäit ginn, net gemaach hätt. 10 Joer feste Prisong wären dofir ze vill. D'Affer hätt seng Ex-Frëndin wëlle vergewaltegen. Dofir hätt hien de Mann geschloen an en an den Aarm an an de Fouss gepickt. Et kéint awer keng Rieds dovu sinn, dass hien d'Affer ugestréckt a menacéiert hätt.
Och den Affekot vum Beschëllegten huet gemengt, fir dës Faiten 10 Joer feste Prisong ze kréien, wär ze vill. De Me Says huet vun Inkoherenzen an den Aussoe vum Affer geschwat an dovun, dass et keen Doktesch-Certificat zu de Blessure vum Mann a kee Beweis fir Coups et blessures volontaires géif ginn, déi eng Onfäegkeet fir ze schaffen no sech gezunn hätten. Virum Hannergrond vum versichte Viol vun der deemoleger Frëndin sollt d'Noutwier zréckbehale ginn, sot den Affekot, fir deen et och keng Unzeeche fir d'Ustrécke vum a fir Menacë géintiwwer dem Affer géif ginn.
Dogéint huet d'Vertriederin vum Parquet général et absurd fonnt, dass den Ugeklote bei senger Ausso bleiwe géif, hien hätt d'Affer geschloen, well dat d'Ex-Frëndin hätt wëlle vergewaltegen. Déi jonk Fra hätt nämlech ausgesot, dass et wuel en Attouchement gouf, net awer e versichte Viol. D'Aussoe vum Affer wäre glafwierdeg, d'Sequestratioun vum Mann, dee leide sollt, wär beluecht, an d'Affer hätt haut nach Angscht, sou d'Vertriederin vum Parquet général.
D'Appellsuerteel ass fir den 2. Juli.