Wéinst Falschaussoe viru GeriichtMann soll fir Kolleg gelunn hunn a riskéiert elo eng Prisongsstrof

RTL Lëtzebuerg
Dem Kolleg war Fueren ouni Führerschäi virgehäit ginn. Am Prozess soll den Ugekloten awer behaapt hunn, ee Führerschäi gesi gehat ze hunn.
© AFP

Wéinst Falschausso sollten en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht eng Fra vu 75 an e Mann vun 33 Joer de Prozess gemaach kréien: Sollten, well d'Fra huet en Doktesch-Certificat eraginn, soudass si eng aner Kéier drukënnt.

Dem Fils vun der Fra war Fueren ouni Führerschäi virgehäit ginn. Am Prozess géint de Mann, am Juni zejoert, hat d'Mamm ënner Eed ausgesot, dass si hirem Bouf de Permis bezuelt an de Führerschäin och gesinn hätt. De beschte Kolleg vum Ugekloten hat ähnlech Aussoe gemaach. Och hie wollt dem Mann säi Permis bei Policekontrollen, bei deenen hien dobäi gewiescht wär, gesinn hunn.

Et gouf awer ë.a. bei Iwwerpréiwungen am Transportministère keng Spur vum Führerschäin an och näischt bei Recherchen an der Fahrschoul fonnt.

De Beschëllegte sot en Donneschdeg de Moien, net gewosst ze hunn, dass säi Kolleg kee Permis hätt. Dee Mann wär och virun e puer Woche bei hie komm an hätt sech bei him entschëllegt, dass et him leed doe géif an dass hien e schlecht Gewëssen hätt. „Dir hutt awer gesot, dass Der e Führerschäi gesinn hätt. Dann hutt Der gelunn!?“, huet de President vum Geriicht bemierkt. Hien hätt de Permis eng Kéier gesinn, de Mann him awer gesot, dass hien ni ee gehat hätt. Wouropshin de Riichter gemengt huet: „Elo sot Der nees, Dir hätt ee gesinn. Hien hat awer ni een. Dir hutt also gelunn an der Sëtzung?“ D'Äntwert vum Mann war, dass hien, Zitat, „déck nervös“ wär an elo näischt méi soe wéilt.

D'Vertriederin vum Parquet huet betount, dass de Mann ouni Führerschäin e Fuerverbuet riskéiert, den Ugekloten awer, wéinst Falschausso, tëscht 6 Méint a 5 Joer Prisong, soudass hien a méi enger schlechter Positioun wär. „Firwat gi sou Affäre sou eescht geholl?“, huet si gefrot an an engems d'Äntwert geliwwert: Well d'Geriichter sech op déi Aussoe beruffe géifen. De Mann ouni Permis hätt gesot, dass hie keen hätt: „Wéi konnt Dir dann ee gesinn?“, huet si de Beschëllegte gefrot. Obwuel de Mann gesot kritt hätt, wat hie riskéiert, wär hie bei senger Ausso bliwwen. Hien hätt dem Kolleg e Gefale wëlle maachen, ouni sech de Konsequenze bewosst ze sinn, an hätt d'Geriicht wëllen irféieren: Déi Haartnäckegkeet géif stéieren. Well de Mann keng Asiicht weise géif, sollt hien zu 12 Méint Prisong veruerteelt ginn, woubäi et de Riichterin iwwerlooss wär, ob Sursis gesprach gëtt oder net.

D'Uerteel ass fir den 11. Juli.

Back to Top
CIM LOGO