
Am Prozess, um Stater Geriicht, géint e Papp, deen tëscht August 2006 an Abrëll 2012 dräi vu senge Kanner soll vergewaltegt hunn, hunn e Mëttwoch zwee vun de présuméierten Affer ausgesot.
Ënner Tréinen hu si erzielt, wat den haut 62 Joer ale Mann hinnen hei am Land an op de Philippinnen ugedoen hätt. Virun eppes méi wéi 13 Joer waren déi am Ganze 4 Geschwëster - 3 Meedercher an 1 Jong - op Lëtzebuerg komm, fir e bessert Liewen ze hunn.
"Am Ufank war alles an der Rei, ma mir sinn net gutt mam Papp eens ginn, well mer laang Zäit net zesumme gelieft haten!" Dat sot dat haut 32 Joer aalt Haaptaffer vum Ugekloten, dat beim 1. Fait 19 Joer hat. Am August 2006 hätt de Papp seng Kanner a Stéifkanner eng Kéier gefrot, fir am Living ze schlofen; si wär, sou d'Fra, ee Moment waakreg ginn, well hie si op intime Plazen ugepak hätt. Si hätt geduecht, si géif dreemen, ma de Mann wär hir tëscht d'Bee gefuer. Den aneren Dag hätt si hie gefrot, firwat hien dat gemaach hätt; et wär geschitt, war dem Mann seng Äntwert. Hien hätt si deen Owend nach emol vergewaltegt, ënner Menacen a Gewalt. Si wär geschockt gewiescht, well et hire Papp war, et wär weidergaangen, wa keen am Haus war, an de Papp hätt no bausse gemaach, wéi wa si seng Liiblingsduechter wär. Si hätt versicht, hirem Liewen en Enn ze setzen, a wär schwanger ginn, hien hätt d'Ofdreiwung gewollt, wouzou et dann och komm wär. Dono hätt hie si op d'Philippinne geschéckt, fir ze studéieren, ma och do hätt hien net opgehalen, wann hien dohi koum.
Well hir zwou Schwëstere soten, hien hätt och eppes Schlëmmes mat hinne gemaach, a si bis 2012 weider vergewaltegt gouf, hätt si Plainte gemaach.
D'Iwwergrëff op déi jéngst Schwëster vun haut 24 Joer hunn 2008 ugefaangen, wéi dës Fra aussot. Beim 1. Viol, mat Kondom an ënner Menacen, wär si krank gewiescht, hätt gejaut, ma et wär keen doheem gewiescht. Si wéilt sech net un alles erënneren, hien hätt och eng Kéier op de Philippinne probéiert, si ze vergewaltegen, a wéi hien déi 3. Schwëster ugepak hätt, hätt si gesot, si géifen d'Haus verloossen.
Ze bemierken ass, dass de Me Roby Schons, Affekot vum Beschëllegten, d'Versioune vun deenen zwou Duechteren a Fro gestallt huet.
Dëse Prozess geet en Donneschdeg de Mëtte virun.