
Him gouf virgehäit, am Februar 2017 zu Esch op eng Fra gespaut an e Mann beim Fortfuere mat sengem Auto beréiert ze hunn.
D'Optriede vum Ugekloten, en Donneschdeg viru Geriicht, huet dem President vum Geriicht net gefall.
Wéi de Mann nämlech ganz haart gelaacht huet, nodeems d'Pechert erkläert hat, hien hätt hir an d'Gesiicht gespaut, huet de Riichter mat fester Stëmm gefrot: "Fannt Dir dat witzeg?" Wouropshin de Mann gemengt huet, hien hätt net op si gespaut.
Déi zwee Pecherte ware viru knapp 3 Joer op engem Kontrollgang, dobäi ass hinnen an Al Esch en Auto opgefall, dee falsch stoung. D'Fra wollt en opschreiwen, wéi de Beschëllegten aus engem Café koum. Si hätt him gesot, dass hien net kéint do stoe bleiwen, iwwer dem Gespréich hätt si dunn an d'Gesiicht gespaut kritt. De Mann hätt sech duerno a säi Gefier gesat a wär fortgefuer, woubäi hien hire Kolleeg um Knéi ze pake kritt hätt.
D'Affär wär fir si vergiess, wann den Ugeklote sech entschëllege géif, wouzou et awer net koum.
Hire Kolleeg huet déi Versioun confirméiert a betount, de Mann wär leider net asiichteg gewiescht. Wéi de Pechert sot, hie géif opgeschriwwe ginn, fir 49€, wär et lassgaangen. De Mann hätt eben op d'Kolleegin gespaut a wär a säi Won geklommen. Hien, de Pechert, hätt missen aus dem Wee sprangen, wär awer mam Parechoc um Knéi beréiert ginn.
Iwwerdeems de Beschëllegten aussot, net op d'Fra, mä nieft si gespaut ze hunn an och laanscht de Mann gefuer ze sinn, huet säin Affekot probéiert, säi Verhalen z'erklären. Dem Me Says no misst säi Client reegelméisseg an d'Psychiatrie, wat him net gefale géif.
De Mann sollt fräigesprach ginn, well hie soe géif, nieft d'Fra gespaut an och keng Intentioun gehat ze hunn, fir de Mann ze blesséieren. Fir de Vertrieder vum Parquet wären den Outrage an d'Coups et blessures allerdéngs zréckzebehalen an, nieft enger Geldstrof, mat 9 Méint Prisong ze bestrofen. D'Aussoe vun den Zeie wären nämlech kloer, obwuel d'Faite kontestéiert wären.
D' Urteel gëtt den 12. Dezember gesprach.