GeriichtMann wéinst Manktem u Beweiser vu Viol fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
D'Faite vum Tëschefall ginn op den Abrëll 2017 zeréck, dat um Park&Ride Bouillon.
© AFP

Vu Viol fräigesprch / De Reportage vum Eric Ewald

Um Stater Geriicht gouf am Donneschdeg den Nomëtten e Mann fräigesprach, deem de Viol, am Abrëll 2017 um Park&Ride Bouillon, vun enger jonker Fra virgehäit gi war. D'Aussoe vun deenen zwee zum Fait waren auserneegaangen: Iwwerdeems et der Fra no keen Averständnis zum Sex gouf, war dat fir de Mann wuel de Fall gewiescht. Zum Fräisproch koum et de Riichter no aus Manktem u Beweiser.

Back to Top
CIM LOGO