
En Donneschdeg de Mëtteg war d'Police géint 15 Auer wéinst engem Sträit tëscht e puer Jugendlechen op d'Gare zu Ettelbréck geruff ginn. Éischten Erkenntnisser no waren zwee Männer uneneegeroden. Dobäi huet ee vun deenen zwee eng Eisestaang ausgepaakt an huet probéiert, deen aneren domat ze schloen. Doropshi sinn en Zeien an e Sécherheetsmataarbechter dotëscht gaangen an hunn déi zwee vunenee getrennt. Fir d'Situatioun ze klären, koumen d'Männer mat op de Policebüro. D'Eisestaang a weider Beweismëttel goufe séchergestallt. Donieft gouf bei enger Kierperduerchsichung eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt.
Kuerz virun 18 Auer war dann nach e Sträit op der Theaterplaz an der Stad gemellt ginn. Hei hat e Mann probéiert, eng aner Persoun mat enger Glasfläsch ze schloen. D'Poliziste konnten de Sträit schlichten. Well den alkoholiséierte Mann trotz Opfuerderung net gaangen ass a sech onkooperativ verhalen huet, huet hien d'Nuecht am Arrest misse verbréngen.
Dee selwechten Owend goufe Polizisten an d'Urgence zu Esch geruff, well sech hei e Mann donieft beholl huet an net mam Personal kooperéiert huet. Och hie koum no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest. Bei der Kierperduerchsichung vum Mann gouf nach Kokain fonnt a séchergestallt.
Géint 23:20 Auer war dann nach e Sträit. Dës Kéier an der Rue du Brill zu Féiz. Och hei konnten zwou Persounen ugetraff ginn. Eng Fra war staark alkoholiséiert a wollt net fort- respektiv Heem goen, dofir koum och si an den Arrest no enger medezinescher Kontroll.