PoliceMann wollt viru Beamte fortlafen, mä war ze voll

David Winter
Zwou Persounen haten e Méindeg den Owend een iwwert den Duuscht gedronk a koumen dofir an Arrest. Eng Persoun hat souguer probéiert fortzelafen.
Police
Police
© Police

E Méindeg den Owend géint hallwer 7 gouf der Police an de Stad en alkoholiséierte Mann gemellt, deen an engem Bus randaléiert huet an och seng Béier am Gefier verschott huet. Well de Mann op Grond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech an aner Leit duergestallt huet, koum hien an Arrest, nodeem hie beim Dokter passéiert war.

Géint hallwer 4 en Dënschdeg de Mueren ass der Police dann e weideren alkoholiséierte Mann opgefall, dat am Quartier vun der Gare. Wéi dëse sollt vun de Beamte kontrolléiert ginn, huet hie probéiert virun der Police fortzelafen. Allerdéngs ass dat schif gaangen an ass dobäi op de Buedem gefall. Wéinst sengem Zoustand koum hien an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO