Dammen a Kanner a Vestiairë gefilmtMann zu 1 Joer Prisong mat Sursis probatoire condamnéiert

RTL Lëtzebuerg
En 41 Joer ale Mann krut en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht de Prozess gemaach.
© RTL-Archiv

Um Stater Geriicht gouf en Donneschdeg de Moien e Mann vun 41 Joer virun allem wéinst Verletze vun der Privatsphär zu engem Joer Prisong mat Sursis probatoire condamnéiert. D'Oplo besteet a senger psychiatrescher Behandlung. Donieft goufen eng Geldstrof vun 1.000 Euro an d'Confiscatioun vun ënnert anerem sengem Handy gesprach.

Him war virgehäit ginn, am Februar 2015 zu Esch heemlech mam Handy an en Damme-Vestiaire eragefilmt ze hunn. Hie war deemools op den Daach vun der Sportshal geklommen, fir Basketspillerinnen ze filmen. Bei enger Perquisitioun beim Mann doheem waren nach zwee aner Filmer an eng Foto fonnt ginn, aus dem November 2013 an dem Februar 2014, vun den Dammen-Toiletten an enger Kannerspillhal zu Féiz.

RTL-News: Viru Geriicht: Mann huet Dammen a Kanner a Vestiairë gefilmt

Back to Top
CIM LOGO