Viru GeriichtMann huet Dammen a Kanner a Vestiairë gefilmt

RTL Lëtzebuerg
Virun allem wéinst dem Verletze vun der Privatsphär krut um Dënschdeg de Moien en 41 Joer ale Mann um Stater Geriicht de Prozess gemaach.
© RTL-Archiv

Et gouf him virgehäit, am Februar 2015 zu Esch heemlech mam Handy an en Dammen-Vestiaire era gefilmt ze hunn. Hie war deemools op den Daach vun der Sportshal geklommen, fir Basketspillerinnen ze filmen. Bei enger Perquisitioun beim Mann doheem waren nach zwee aner Filmer an eng Foto fonnt ginn, aus dem November 2013 an dem Februar 2014, vun den Dammen-Toiletten an enger Kannerspillhal zu Féiz.

„Wéi kënnt een op d'Iddi, fir op den Daach vun enger Sportshal ze klammen oder op d'Dammen-Toilettë vun enger Kannerspillhal ze goen, fir Filmer ze maachen?“, wollt de President vum Geriicht vum Beschëllegte wëssen. Deen huet sech direkt um Ufank zu de Faite bekannt an erkläert, hie géif déi zudéifst bereien.

Am Februar 2015 war owes eng Basketspillerin bei de Portier vun der Escher Sportshal komm, fir ze soen, si hätt eppes Komesches um Daach gesinn. Hie sollt emol kucke goen. Wat den Zeien och gemaach huet. Hie wär dem Ugekloten do begéint, hätt em gesot, hie géif d'Police ruffen, de Mann hätt wëlle fort, ma hien hätt e festgehalen, bis d'Polizisten do waren.

Dem Portier war nach opgefall, dass de Beschëllegten d'Box op hat, wat zur Fro vum Vertrieder vum Parquet gefouert huet, ob de Mann sech selwer befriddegt hätt. No e bësse Gedrucks huet dee „Jo“ gesot.

E Polizist, deen am Mäerz 2016 den Optrag kritt hat fir d'Perquisitioun beim Mann doheem, sot, et hätt een d'Material duerchkuckt. Dobäi wär e Video vun enger Fra an ee vun engem Meedche vun tëscht ca 6 an 8 Joer zu Féiz entdeckt ginn. Enger Psychiaterin no hätt de Mann deklaréiert, dass sech säi voyeuristescht Verhalen no enger Scheedung entwéckelt hätt, de Mann hätt awer keng psychiatresch Krankheet.

De Me Bellwald, Affekot vum Ugekloten, huet betount, dass säi Client selwer 2016 bei e Psychiater a Behandlung gaange wär. Dat huet de Vertrieder vum Parquet och als positiv zeréckbehalen, genee wéi de Fait, dass de Mann Délinquant primaire wär.

Negativ wär dogéint d'Perversitéit vu sengem Handelen. De Beschëllegte sollt dofir zu enger Prisongsstrof vun 18 Méint, mat méiglechem Sursis probatoire, verurteelt ginn, woubäi d'Oplo a sengem weidere Suivi bestéing. Donieft sollt eng Geldstrof an d'Confiscatioun vun ënnert anerem dem Handy gesprach ginn.

D'Urteel ass fir den 22. Oktober.

Back to Top
CIM LOGO