Alkohol um SteierMann zu Fuerverbuet vu 15 Méint an enger Geldstrof verurteelt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moien huet sech e Mann wéinst Fueren ënner Alkoholafloss virun der Justiz misse veräntweren.
© RTL Archiv

Am Oktober war hien an der Fiels mat 1,5 Promill Alkohol am Blutt an eng Police-Kontroll geroden. Hie gouf zu engem Fuerverbuet vu 15 Méint, wouvun de Wee op d'Aarbecht awer ausgeholl ass, an zu enger Geldstrof vun 800 € um Stater Geriicht verurteelt.

Back to Top
CIM LOGO