Ze séier ënnerweeMann zu Geldstrof a Fuerverbuet mat Sursis veruerteel ginn

RTL Lëtzebuerg
Am August 2016 waren op der Escher Autobunn aus engem banaliséierte Policeauto eraus iwwer e puer Kilometer 3 Vitesseiwwerschreidunge gemooss ginn.
Police 2017
Police 2017
© Police 2017

E Mann, dee wéinst ze séierem Fueren de Prozess gemaach kritt hat, ass en Donneschdeg de Mëtten um Stater Geriicht op Grond vun enger Requalifikatioun vum Delikt zu enger Geldstrof vun 250 € veruerteelt ginn. Dobäi kënnt e Fuerverbuet vu 6 Méint mat Sursis.

Am August 2016 waren op der Escher Autobunn a Richtung Minettemetropole aus engem banaliséierte Policeauto eraus iwwer e puer Kilometer 3 Vitesseiwwerschreidunge vum Mann gemooss ginn. Säin Affekot hat am Prozess d'Fiabilitéit vun deene Miessungen a Fro gestallt: Dem Responsabele vum Laserapparat "Traffipatrol" no wär deen nämlech fir statesch Kontrolle gemaach.

Back to Top
CIM LOGO