Anert KafverhalenManner Betrib an de Grande-surfacen

Tim Morizet
D'Mesurë vun de leschten Deeg a Woche gräifen: Et si manner Leit an de Grande-surfacen zu Lëtzebuerg ënnerwee.
Manner Betrib an de Grande-surfacen am Land
D'Mesurë vun de leschten Deeg a Woche gräifen: Et si manner Leit an de Grande-surfacen zu Lëtzebuerg ënnerwee.

RTL huet sech op engem Samschdeg de Mëtteg e Bild vun de Grande-surfacen zu Lëtzebuerg gemaach. Et gouf mol méi, mol manner Betrib uechter d'Land. Ofgesinn dovun, datt d'Leit alleguer eng Mask unhunn, deit hei - op den éischte Bléck – näischt drop hin, datt och hei méi streng Mesuren agefouert goufen. Allerdéngs...

Manu Konsbruck, Direkter vun der Belle Etoile:„Mir hunn nom Annoncement vun der Mesuren direkt 400-500 Parkplaze gestrach, fir datt mer automatesch manner Clientë kënnen empfänken. Mir hunn d'Galerië fräi gemaach, et si keng Verkafsstänn méi do, fir datt Clientë kënne fräi zirkuléieren."

Ekonomesch, ewéi och zuelentechnesch géif een d'Nervositéit bei de Leit spieren. D'Mesurë vun de leschten Deeg a Woche géife gräifen. An d'Leit géifen nees manner an de grousse Surfacë ronderëm schlenderen.

D'Mesuren an de Geschäfter selwer si ganz verschidden. Déi eng verloosse sech éischter op de Raisonnement vum Client, bei deenen anere gëtt mëttlerweil streng duerch gezielt. Gardiene gesäit een op all Eck. Et géif ee sech streng un d'Mesuren halen, ze grouss wier d'Angscht virun engem zweete, vläicht souguer fatale Lockdown fir déi eenzel Geschäfter.

Manu Konsbruck, Direkter vun der Belle Etoile: „Datt mer effektiv esou en Zenario vermeiden am Interêt vun der Gesondheet vun de Leit an och am Interêt vum Iwwerliewe vum Commerce a vun all de Butteker, déi hei sinn. Mir hunn en éischte Lockdown am Mäerz matgemaach. Mais ech kann Iech soen, en 2. ass absolut net wënschenswäert a kënne mer eis och net méi erlaben."

No de sëllege Biller aus dem Ausland hätt een déi lescht Deeg och zu Lëtzebuerg an de Supermarchéë gespuert, datt d'Leit nees tendenziell méi Hamsterkeef maachen. Eng gewëssen Nervositéit virun engem 2. Lockdown spiert ee bei de Grande-surfacen. Do ass ee sech eens.

Back to Top
CIM LOGO