An de GemengenManner Enseignanten duerch d'Reform vun 2009?

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Reform hätt ee vläicht méi Verdeelungsgerechtegkeet erreecht, awer d'Qualitéit vum Enseignement hätt gelidden, sou de President vum SNE.
Manner Enseignanten duerch d'Reform vun 2009?
Duerch d'Reform hätt ee vläicht méi Verdeelungsgerechtegkeet erreecht, awer d'Qualitéit vum Enseignement hätt gelidden, sou de President vum SNE.

Hunn d'Gemengen an domadder och d'Schoulkanner an de leschten 10 Joer Léierpersonal ewechgeholl kritt? Där Meenung sinn op alle Fall Enseignantsgewerkschaften a Gemengepolitiker. Hannergrond ass d'Reform vun 2009, mat där de Staat d'Gestioun an d'Finanzéierung vum Schoulpersonal iwwerholl huet. Zil vun der deemoleger Educatiounsministesch Mady Delvaux war et, fir de Kanner an alle Gemengen déi selwecht schoulesch Moyenen ze bidden an domadder fir méi Gerechtegkeet a Chancëgläichheet ze suergen.

D'Zil fir méi Verdeelungsgerechtegkeet wär vläicht erreecht, d'Qualitéit vum Enseignement awer hätt dorënner gelidden, kritiséiert de Patrick Remakel, President vum SNE, dem Syndicat National des Enseignants. Et hätt ee gespuert a sech net un deene Gemengen orientéiert, déi e verstäerkte schouleschen Encadrement haten, mä un deene mat méi engem schwaachen Encadrement.

Am Educatiounsministère deelt d'Francine Vanolst dës Aschätzung net. D'Responsabel fir d'Direction générale vun der Grondschoul seet d'Ekipp vun Enseignante wär verstäerkt ginn. Beispillsweis duerch den Appui, mat spezialiséiertem Personal fir Schüler mat Schwieregkeeten oder iwwer zousätzlech Poste fir Gemenge mat Kanner déi nei am Land sinn.
Dat géif wuel hëllefen, de Verloscht fir d'Schüler ouni spezifesch Besoine beschtméiglech kënnen ze encadréieren, géif awer doduerch net kompenséiert, esou de Patrick Remakel.

Weider Kritik: Fir de Contingent vu Schoulstonnen ze berechnen, déi eng Gemeng zegutt huet, geet de Ministère vu 16 Schüler pro Klass aus. Och dat géif zu Ongläichheete féieren. Hätt eng Gemeng e Joergang mat just 11 Kanner, misst se an enger anerer Klass 21 Schüler beienee sëtzen. De Klasseneffektiv misst op 15 erofgesat ginn. Gemengen, déi hir kleng Klassen net bannent der Schoul ausgeglach kréichen, kéinten zousätzlech Appui ufroen, heescht et aus dem Educatiounsministère.

E weidere Facteur, dee fir d'Berechnung vum Contingent afléisst, ass de Sozialindex. Sou kann eng Gemeng mat méi schwaach gestallte Famille bis zu 20% Schoulstonne bäikréien. Néideg wieren op d'mannst 25% méi, seet d'Enseignantsgewerkschaft. Soubal nees méi Normalitéit an de Schoulen ass, wëll den Educatiounsministère Bilan zéien, an, wann néideg, Upassunge maachen.

Back to Top
CIM LOGO