Alerte jaune um FreidegManner lëfteg, dofir awer vill Reen, Schnéireen, respektiv Schnéi

RTL Lëtzebuerg
Am Süde vum Land gëllt e Freideg vu 6 bis 18 Auer eng Alerte jaune wéinst staarkem Reen, sou d'Meteolux.
Archivfoto.
Archivfoto.
© RTL Mobile Reporter / Patricia Wennmacher

E Freideg gëtt et manner lëfteg wéi nach en Donneschdeg, ma et bleift naass. Am spéidere Virmëtteg kéint et zu Dauerreen kommen an de méi héije Regiounen zu Schnéireen a Schnéi. Am Süde vum Land gëllt e Freideg vu 6 bis 18 Auer eng Alerte jaune wéinst staarkem Reen, et kënne lokal bis zu 35 Liter pro Quadratmeter falen.

Am Nidderschlag-Radar erkennt een, dass vu 14 Auer un déi éischt Schnéireen, respektiv Schnéischauere sollen erofkommen. Dat zitt sech da bis ongeféier Hallefnuecht.

Wiesselhaft bleift et e Samschdeg an e Sonndeg, da kann een nees mat vereenzelte sonnege Momenter rechnen. Vun e Méindeg u klammen d’Temperaturen dann nees an eis erwaarden no deem klenge Wiederchaos bis zu 15 Grad.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO