11 Kilometer net méi beliichtManner Luuchten op der Autobunn spuere ronn 130.000 Euro d'Joer

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2014 goufen um nationalen Autobunns-Reseau iwwer 800 Luuchte mat hire ronn 700 Pottoen demontéiert.

Eppes iwwer 11,5 Kilometer Autobunn sinn elo net méi beliicht. Dobäi soll et awer elo mol bleiwen, ass an enger Äntwert vun e Méindeg vum Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen ze liesen.

Et wier kloer, dass duerch manner Luuchten och manner Stroum verbraucht gëtt. Elleng op der Areler Autobunn kënnen esou ëmmerhi 400.000 Kilowattstonnen d’Joer agespuert ginn. Op der A1 an A13 zesummegeholl sinn et op d’Joer gesinn eng 150.000 Kilowattstonnen.

Dat géif den aktuellen Energiepräisser en Erspuernis vu liicht méi wéi 130.000 Euro d’Joer ausmaachen.

PDF: Réponse à la question N° 6257

Back to Top
CIM LOGO