Supermarchéë gefuerdertManner Plastik a méi einfachen Tri

Lynn Cruchten
De Plastik soll reduzéiert ginn an den Tri vum Offall vereinfacht ginn, dat op mannst sinn d'Ziler vum Gesetzespak ronderëm den Offall zu Lëtzebuerg.
Manner Plastik a méi einfachen Tri
De Plastik soll reduzéiert ginn an den Tri vum Offall vereinfacht ginn, dat op mannst d’Ziler vum Gesetzespak ronderëm den Offall zu Lëtzebuerg.

Och d’Supermarchéen ginn an d’Verantwortung geholl. An Zukunft dierfe verschidde frësch Produiten net méi a Plastikfolien verkaf ginn an den Tri vum Knascht muss zousätzlech op der Plaz méiglech sinn.

Eng éischt nei Reegel, déi zanter dem 1. Januar gëllt, betrëfft d’Supermarchéen vun op d’mannst 400 Meter Carré. Si kréie virgeschriwwen, e sougenannte Point de Reprise unzebidden. Also eng Statioun, wou Verpackungen aus Plastik, Pabeier a Kartong direkt kënnen ewechgeheit ginn.

Vun 2024 u si gréisser Supermarchéen mat enger Surface vun iwwer 1.500 Metercarré verflicht, eng Zort Recyclingszenter en Place ze hunn.

Wat awer fir sämtlech Supermarchéen obligatoresch gëtt an dat vum 1. Juli dëst Joer un, ass dass Uebst a Geméis, dat eenzel oder zesumme manner wéi 1,5kg weit, net méi a Plastik-Folien dierf verkaf ginn.

Verschidde Supermarchéen hu sech an deem Kontext schonn ugepasst, hei gesäit ee kaum nach Plastiksemballagen. Geschniddent Uebst a Geméis fält iwwregens net ënnert déi Dispositioun.

Back to Top
CIM LOGO