Santé: Réckbléck op déi lescht 7 DeegManner Tester, ma dofir hunn d'Neiinfektioune sech méi wéi verduebelt

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun Neiinfizéierten ass an der Woch vum 14. bis den 20. September op 672 Residentë geklommen. Déi Woch virdru waren et der 282.
© RTL-Grafik

Woche-Réckbléck vun der Santé / Reportage Roy Grotz

D'lescht Woch goufe manner Residenten op de Coronavirus getest, wéi déi Woch virdrun: nämlech 40.596 Persounen. Dovunner ware 672 Leit positiv, wat der 107,33 op 100.000 Awunner sinn an domat läit Lëtzebuerg nees däitlech iwwert dem Inzidenz-Wäert vu 50.Dat geet aus der Woche-Statistik vun der Santé ervir, déi e Mëttwoch de Mëtteg publizéiert gouf.Vun de bal 41.000 Tester goufen der ronn 12.040 duerch eng Ordonnance vum Dokter gemaach, 21.911 duerch Large-Scale-Test-Invitatiounen, 2.926 mat engem Voucher, deen et um Findel gouf an 3.728 am Kader vum Contact Tracing.D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit bei 953, par Rapport zu 564 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn, ass vu 6.556 op 6.839 eropgaangen.De Reproduktiounstaux ass vun 1,01 op 1,44 an d'Luucht gaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester ass ass och däitlech eropgaangen an dat vun 0,55% op 1,66%.D'Altersmoyenne bei den Neiinfizéierte läit bei 33,4 Joer an ass domat liicht geklommen. Déi Woch virdrun louch dee bei 31,3 Joer.De Grand-Duché läit no engem Mount mat 107,33 Fäll nees bei iwwer 50 Infizéierter op 100.000 Awunner. Déi lescht Woch waren et der nach 45,04.Leit, déi a Quarantän sinn oder waren

D'Zuel vu Kontakter louch tëscht dem 14. an dem 20. September bei 5.373. 2.284 Persoune dovunner waren a Quarantän (+91% am Verglach mat der Woch virdrun). Dobäi komme 768 Leit, déi isoléiert gi sinn (+32% am Verglach mat der Woch virdrun).

D'Opdeelung vu Quarantänen an Alterstranchen

  

0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

29.06.2020

05.07.2020

21%

32%

23%

20%

4%

06.07.2020

12.07.2020

27%

27%

23%

19%

3%

13.07.2020

19.07.2020

29%

27%

21%

19%

4%

20.07.2020

26.07.2020

25%

24%

24%

21%

6%

27.07.2020

02.08.2020

23%

27%

24%

20%

5%

03.08.2020

09.08.2020

25%

26%

23%

21%

6%

10.08.2020

16.08.2020

18%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

23.08.2020

17%

30%

25%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

18%

30%

24%

21%

6%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

24%

22%

5%

07.09.2020

13.09.2020

25%

25%

25%

20%

6%

14.09.2020

20.09.2020

30%

23%

23%

18%

6%


D'Majoritéit vun de Leit huet sech am Ausland ugestach

De Prozentsaz vun de Persounen, déi sech an der Vakanz infizéiert hunn, geet weider liicht zeréck an dat vun 32% op 31%. Et bleift awer weiderhin, déi Plaz, wou sech déi meeschte Leit mam Coronavirus infizéieren. 20% vun de Fäll sinn op Kontaminatioune bannent Familljen zréckzeféieren, 6% op Infektiounen op der Aarbecht an 3% op Familljefester oder Feieren ënner Frënn.Op 13 Kläranlage gëtt d'Ofwaasser iwwerdeem op de Coronavirus ënnersicht - keng Tracë goufen et ënnert anerem an den Installatiounen zu Iechternach a Maacher, iwwerdeem et e staarken Impakt am Ofwaasser zu ënnert anerem Beggen, Schëffleng, Péiteng a Beetebuerg gouf.

LINK: Réckbléck vun der Woch

Back to Top
CIM LOGO