Parquet deelt matMannerjärege gouf am Prisong zu Schraasseg placéiert

RTL Lëtzebuerg
Well an der Sécherheetsunitéit vun Dräibuer aktuell keng Plaz ass, gouf decidéiert, e Mannerjäregen zu Schraasseg ënnerzebréngen.

E Mannerjäregen ass e Méindeg vum Parquet vu Lëtzebuerg an de Prisong vu Schraasseg placéiert ginn, esou de Presseservice vun der Justiz en Dënschdeg de Moien.

De Mannerjähregë gouf festgeholl, nodeems hie sech, op eng schlau Aart a Weis, Zougank bei enger Fra doheem verschaaft hätt a si do beklaut hätt. De Parquet schreift, datt de Mannerjäregen op Schraasseg huet misse kommen, well an der Sécherheetsunitéit Unisec vun Dräibuer keng Plaz méi ass. Dat hätt och esou missen decidéiert ginn, well hien den Autoritéite scho ganz bekannt war an dass ee verhënnere misst, datt hie fortleeft.

Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec le placement d’un mineur au centre pénitentiaire à Schrassig
(12.12.2023)La parquet de Luxembourg a ordonné, le 11 décembre 2023 au soir, le placement au Centre pénitentiaire à Schrassig (CPL) d’un mineur. Celui-ci a été appréhendé dans le cadre d’un vol au détriment d’une résidente au domicile de laquelle il était soupçonné de s’être introduit par ruse.

Ce placement intervient dans le prolongement d’une mesure de garde provisoire à l’unité de sécurité du centre socio-éducatif de l’État à Dreiborn. Cette unité n’offrant plus de place disponible au placement du jeune homme, largement connu par les services d’ordre, la mesure a dû être aménagée pour éviter que le mineur ne soit en mesure de prendre la fuite.

Back to Top
CIM LOGO