Houschter DécktMännlech Läich an engem Weier fonnt - Parquet schléisst Friemawierkung aus

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet um Mëttwoch matgedeelt, dass een den Dag virdrun eng Läich an engem Weier op der Houschter Déckt fonnt huet.
© RTL

Beim Mann handelt et sech RTL-Informatiounen no ëm en eeleren Här. Op Nofro krute mer vum Parquet matgedeelt, dass eng Friemawierkung kann ausgeschloss ginn. Iwwerdeems krute mer och d’RTL-Informatioun confirméiert, dass de Weier an deem de Mann fonnt gouf, him selwer gehéiert huet.

D’Police hat schonn um Donneschdeg matgedeelt, dass een d’Identitéit vum Mann ermëttele konnt.

Back to Top
CIM LOGO