En Dënschdeg an e Mëttwoch sinn déi sougenannten Assises vun der Kooperatioun am Konferenzzenter um Kierchbierg. Den traditionelle Rendez-Vous ee mol am Joer fir all d'Acteuren aus der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, 190 Leit, déi d'Politik an deem Beräich fir déi nächst Zäit diskutéieren a bestëmmen.
Dëst Joer geet et ënnert anerem ëm nei Forme vun Zesummenaarbecht, zum Beispill eng verstäerkten Zesummenaarbecht tëscht Staat, ONGen an och dem Privatsecteur.
Ee konkret Beispill hei am Land an deem Beräich ass de Projet "emergency.lu" vum Staat an Zesummenaarbecht mam Satellittebedreiwer SES, dee virun allem bei Naturkatastrophen an den Asaz kënnt. Eng Equipe vu 4 Leit ass net méi spéit wéi e Méindeg nom Passage vum Hurrikan Irma an d'Karibik op d'Antilles geschéckt ginn, sou eisen Invité vun der Redaktioun, den neien Direkter vun der Kooperatioun Manu Tonnar.
Lëtzebuerg ënnerstëtzt donieft zanter dem leschte Joer kleng a Mëttelbetriber fir Projeten an Entwécklungslänner matzefinanzéieren. Grouss Betriber hätte heiansdo e schlechte Ruff, ma se géifen awer vill Räichtum an Aarbecht schafen, sou de Manu Tonnar. Grad wann ee sou Entreprisë géif dozou kréien, méi responsabel ze handelen, kéint een d'Aarmut méi effikass bekämpfen, wéi mat der traditioneller Entwécklungshëllef, seet den Direkter vun der Kooperatioun am Ausseministère.
Den Direkter vun der Kooperatioun am Ausseministère war eisen Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.