D'COPAS bleift kritesch vis-à-vis vun der Reform vun der Fleegeversécherung. Datt d'Cellule d'évaluation et d'orientation eng onofhängeg Verwaltung ass a mat Personal opgestockt gëtt, gëtt zwar begréisst, grad ewéi den "Aidant informel" an d'Nuetsgarden. Ma de COPAS-President Marc Fischbach vermësst awer déi erhofften administrativ Vereinfachunge fir d'Prestatairen. Dernieft géif net genuch op Präventioun gesat ginn an de forfaitaire Sytem brauch méi Zäit, fir um Terrain kënnen ëmgesat ginn, sou de Marc Fischbach en Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview. Dowéinst hätt d'COPAS léiwer gehat, datt d'Reform net am Januar, mä eréischt am Juli 2018 a Kraaft trëtt. Alles an Allem géif d'Reform vun der Fleegeversécherung de Beneficiaire keng Verbesserunge bréngen an dowéinst sollt een esou séier wéi méiglech en éischte Bilan zéien, fir ze kucke wou ee ka nobesseren, sou nach de Marc Fischbach.
De President vun der Copas war eisen Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg um 10 op 8.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
Reform vun der Fleegeversécherung: Gesetzprojet gouf um Krautmaart ugeholl