
De Volet am Budget huet e Gesamtvolume vu 4,5 Milliounen, ënner anerem kritt d'Initiativ Digital Lëtzebuerg méi Moyenen.
De Budget fir de Centre des technologies de l'information de l'Etat, deen à Part gekuckt gëtt, gëtt och opgestockt.
Kritik kënnt op där Plaz vum Piraten-Deputéierte Sven Clement, deen hätt sech eng aner Verdeelung vun de Sue gewënscht.
„Vun deene 4 an enger hallwer Millioun sinn annerhallef Millioun „frais d'experts et études“. An eng weider annerhallef Millioun si fir Digital Lëtzebuerg virgesinn. Gläichzäiteg geet awer och de Budget vum CTIE vun 90 op 105 Milliounen erop. Dat heescht eis Fro ass, firwat musse mer weiderhin esou vill Suen an „Frais d'études“ stiechen? Virun allem, firwat musse mer duebel esou vill Geld ausgi fir „frais d études“, wéi mer fir d' Personal am ganze Ministère ausginn.“
Dobäi wier et grad fir e Ministère, dee soll nei opgebaut ginn, enorm wichteg, fir a gutt Personal ze investéieren, seet nach de Sven Clement.
