Invité vun der Redaktioun (6. Mäerz)Marc Schoentgen iwwert den Zentrum fir politesch Bildung

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien um 10 op 8 war de Marc Schoentgen, den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, den Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marc Schoentgen (6. Mäerz)
E Méindeg de Moien um 10 op 8 war de Marc Schoentgen, den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, den Invité vun der Redaktioun.

Ënnert anerem den aktuelle Populismus an d'Demagogie an der Welt weise wéi néideg den Zentrum fir politesch Bildung zu Walfer, kuerz ZpB, nieft der Schoul an den traditionellen Noriichten ass. Dat huet den Direkter vum ZpB zu Walfer, erkläert. De Marc Schoentgen war onsen Invité vun der Redaktioun an huet ënnerstrach, datt den Zentrum fir politesch Bildung onofhängeg ass an näischt wëll schéi rieden. Et geet drëm d'Importenz vun der Politik ze erklären an d'Leit zur politescher Participatioun ze motivéieren.

E Méindeg de Moien um 10 op 8 war de Marc Schoentgen, den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, den Invité vun der Redaktioun.

Den ZpB wëll op verschiddenen Niveauen intervenéieren, virop bei deene Jonken, zum Beispill a Schoulen, awer och bei den Enseignante mat Formation continue, an och bei grand public mat verschiddene Manifestatiounen. Den Zentrum fir politesch Bildung huet jo eréischt am Oktober zejoert ugefaange mat schaffen, an den Direkter ass iwwerzeegt, datt den Zentrum nach ausbaufäheg ass a seng Offer ka vergréisseren.

E Méindeg de Moien um 10 op 8 war de Marc Schoentgen, den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, den Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO