Invité vun der Redaktioun (3. Juli)Marc Spautz: Pappecongé a Congé aus familiäre Grënn

RTL Lëtzebuerg
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien war den CSV-President Marc Spautz.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien war den CSV-President Marc Spautz.

Den 1. Januar d'nächst Joer sollen déi annoncéiert Adaptatioune beim Congé de maternité, dem Pappecongé an dem Congé, wann engem säi Kand krank ass, am Prinzip a Kraaft trieden. Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet sech eng éischte Kéier mam Gesetzprojet befaasst an obwuel d'Parteie sech an de grousse Linnen eens ginn, bleiwen nach eng Rei technesch Froen ze klären.

Diskutéiert gëtt ënnert anerem nach iwwert d'Längt vum sougenannte Pappecongé, fir also no der Gebuert vu sengem Kand, doheem ze bleiwen. D'Regierung hat sech mat de Sozialpartner op 5 amplaz 2 Deeg fir d'Salariéë gëeenegt. Elo gëtt et zanter Enn Abrëll eng Propositioun vun enger EU-Direktiv, an där d'Kommissioun 10 Deeg Congé an deem Fall proposéiert. Dem CSV-President Marc Spautz no géif et Lëtzebuerg gutt ze Gesiicht stoen, elo schonn op dee Wee ze goen. Ob d'Regierung mat op de Wee geet, ass fir den Ament awer nach net kloer.

Datt an deem Fall op en Neits mat de Sozialpartner misst verhandelt ginn, ass fir de Marc Spautz net weider problematesch. Dat wier alles eppes vu Verhandlungssaach, sou den CSV-President am RTL-Interview.
E breede Konsens gëtt et tëscht de Parteien, datt d'Congésdeeg fir elengerzéiend Eltere missten eropgoen, fir bei hirem kranke Kand ze bleiwen. Dem Marc Spautz no kann d'Reform awer wéi geplangt op den 1. Januar a Kraaft trieden. Wann dann de politesche Wëllen do ass.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO