De Marcel Leyers gëtt neie CEO, neien Direkter, vun der BIL. Den Hugues Delcourt, deen déi Plaz déi lescht 5 Joer hat, hält op.
Update: 12.12.2025 08:36
De Marcel Leyers, ass 56 Joer al, Lëtzebuerger an zanter 1983 bei der Bank. De Verwaltungsrot huet den Här Leyers unanime nominéiert. D'BIL ass déi eelste Lëtzebuerger Bank, si gouf 1856 gegrënnt, mat haut iwwer 2.000 Mataarbechter.