Zanter 3 Joer ginn et elo d’ëffentlech Online-Petitiounen zu Lëtzebuerg. Iwwer 400 goufen agereecht, 21 goufen ëffentlech an der Chamber debattéiert. De President vun der zoustänneger Chamberkommissioun, de Marco Schank, sot um Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview, datt hien zefridden ass an och d'Majoritéit vun de Petitionnaire géif vun enger positiver Erfarung schwätzen, schonn eleng well hiert Uleies thematiséiert gouf.
D'Kommissioun géif och politesch neutral fonctionnéieren, d'Decisioune géifen praktesch ëmmer unanime geholl ginn.
De Site vun der Chamber soll awer nach verbessert ginn, fir datt den Depot vun enger Petitioun nach méi einfach gëtt an och d'Prozedure gi bis Hierscht nach eng Kéier op de Leescht geholl, esou nach de President un der Chamberkommissioun, Marco Schank.
Den Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg um 10 op 8 war de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.