Invité vun der Redaktioun (13. Februar)Marco Wagener ënner anerem iwwer de Sozialdialog

RTL Lëtzebuerg
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war den neie President vum Wirtschaft- a Sozialrot.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marco Wagener (13. Februar)
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war den neie President vum Wirtschaft- a Sozialrot.

D'Stëmmung beim Sozialdialog ass gutt och wa mer kloer net iwwerall op enger Linn leien, dat sot e Méinden de Moien den neie President vum Wirtschafts- a Sozialrot bei eis op der Antenn. De Conseiller vun der Salariatskammer an dem LCGB Marco Wagener huet dee Poste virun enger Woch iwwerholl.

Anescht wéi d'Tripartite, déi meeschtens a Krisenzäiten zesumme kënnt, ass de CES eppes wéi déi permanent Vertriedung vum Sozialdialog, deen als Haaptmissioun huet, d'Regierung ze beroden. De CES géif éischter diskret schaffen, sou de Marco Wagener. Dat wier sécher net falsch. Hie wéilt awer als President schonn an engem gewësse Sënn d'Ëffentechkeetsaarbecht verbesseren, d'Avisen vum Wirtschafts- a Sozialrot bei der breeder Ëffentlechkeet méi bekannt maachen.

De Rifkin-Prozess wëll de CES ganz breet begleeden, sot eisen Invité vun der Redaktioun. Et géif iwwer d'Etude eraus goen, et wéilt een de ganze wirtschaftlechen, sozialen a gesellschaftleche Modell vu Lëtzebuerg am Kader vun deenen technologesche Changementer beliichten. D'Etude Rifkin hätt sech e geneeë Kader ginn an deem Kader si och Recommandatioune maachen. Dem Marco Wagener no wären dës och net ëmmer fundamental nei, dofir sollt dat och net e Käfeg sinn.

Marco Wagener (1)

Iwwert d'Aarbechtszäitverkierzung hätt een nach net geschwat, sou de Marco Wagener. Dat wier awer en Thema wat noutgedrongen opkënnt wann een iwwert den technologesche Fortschrëtt schwätzt.

Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war den neie President vum Wirtschaft- a Sozialrot.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO