D'Regierung investéiert net genuch vun Ufank un an d'Flüchtlingen, sou d'Kritik vum Marianne Donven, Matbegrënnerin vun der Initiativ „Oppent Haus“,déi probéiert Flüchtlinge bei Privatleit ënnerzebréngen, am RTL-Interview.
Dat Ënnerbréngen bei Privatleit ass net evident, well de Refugié, esou d'Recht op den RMG verléiert a d'famille d'acceuil da praktesch ganz fir de Flüchtling opkomme muss. Dat schreckt vill Leit of.
Dernieft gëtt de Flüchtling esou an eng komplett Onofhängegkeet gesat, wat net gutt ass fir d'Integratioun.
D'Invitée vun der Redaktioun, déi selwer 3 Flüchtlinge bei sech wunne huet kritiséiert och, datt net genuch géif gemaacht gi fir Flüchtlingen op den Aarbechtsmaart ze kréien.
An Däitschland zum Beispill, géif direkt no hire Qualifikatioune gekuckt ginn, d'Refugiéë missten d'Sprooch léieren, soss kréie se keng finanziell Hëllef, a si ginn och soss forméiert.
D'Marianne Donven mengt, datt zu Lëtzebuerg an deem Sënn vill Potential net erkannt gëtt, dowéinst misst d'Regierung vill méi mat de Leit vum Terrain zesummeschaffen.
En Donneschdeg de Moie war d'Matbegrënnerin vun der Initiativ "Oppent Haus" d'Invitée vun der Redaktioun.