No Reprochë vun DesinformatiounMartine Deprez a Mars Di Bartolomeo weisen AMMD-Virwërf zeréck

Annick Goerens
Desinformatioun op véier verschiddenen Niveauen: dat reprochéiert d'AMMD e Méindeg an engem Communiqué der Santésministesch Martine Deprez an dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. E Mëttwoch de Moie war d'Santéskommissioun vun der Chamber beieneen, wou mir eng Reaktioun vun de Politiker gefrot hunn.
D'Santésministesch Martine Deprez an den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo
© RTL-Grafik

AMMD dementéiert Austrëtt aus de Verhandlungen

D'Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun sot ënner anerem, dass et net wouer wier, dass si d'Verhandlunge mat der CNS verlooss hätten. Si wiere souguer bereet gewiescht, d'Konventioun z'ënnerschreiwen, wann de gesetzleche Kader reforméiert géif ginn. De Mars Di Bartolomeo bleift awer bei senger Duerstellung.

"Wa si mengen, si hätten den Dësch net verlooss. Da si se awer aus der Konventioun erausgeklommen. Dat heescht, si si bei den Diskussiounen iwwert d'Konventioun net méi dobäi an hunn dat an d'Verantwortung vun der Regierung iwwerginn. Si hu sech also fräiwëlleg, wat d'Konventioun ugeet, an den Abseits gesat. Bon, wann een dat net 'den-Dësch-verloossen' nennt, dann nennen ech et 'sech selwer an den Abseits setzen'. A wann ee sech an den Abseits setzt, Da kann ee keng Goler schéissen. Esou einfach ass dat. [...]"

Martine Deprez weist Virworf vun "Desinformatioun" zeréck

Hie fuerdert d'Dokteren op, erëm un den Dësch ze kommen an hir Fuerderungen an d'Verhandlungen anzebréngen. D'Ministesch Deprez wollt dat Ganzt éischter net kommentéieren.

"Ech wäert elo dozou keng Informatioune ginn, respektiv keng Reaktioun ginn, well ech weess net, wou Desinformatioune stattfonnt hätten."

Konventioun mat enger anerer Associatioun?

D'AMMD huet der Ministesch och reprochéiert, dass si Drock géing ausüben, andeems si seet, dass d'CNS einfach d'Konventioun mat enger anerer representativer Associatioun kéint ënnerschreiwen. D'Doktere sote ganz kloer, dass si als Konventiounspartner net kéinten ersat ginn, well keng aner Associatioun iwwert den néidegen Effektiv, Erfarung oder Anciennetéit géif verfügen, wat awer am entspriechenden Artikel am Code vun der Securité sociale virgesi wier. Dozou d'Ministesch:

"Dat hunn ech och net gesot. Ech hu reng de juristesche Rahmen ofgezeechent. Wa keng Konventioun do ass, da kann d'CNS en Opruff maachen, fir eng Konventioun ze verhandelen. An da muss se kucken, souwéi d'lescht Joer am Dezember, wie sech mellt. Wa se sech do zwou, dräi Associatioune mellen, da muss gekuckt ginn, wien déi representatiivst ass."

D'Santésministesch sot awer, dass d'AMMD weider an de fënnef Aarbechtsgruppe matmaache wéilt. D'Ministesch ass dowéinst hoffnungsvoll, datt d'Gespréicher konstruktiv wäerte weidergoen.

Reaktiounen op AMMD-Reprochen / Reportage: Annick Goerens

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO