Si sinn zënter Joerzéngten am Asaz géint d’Vergiessen a goufen en Donneschdeg den Owend dofir geéiert: de Gerd Klestadt an de Claude Marx hunn als jüddesch Kanner den zweete Weltkrich erlieft an iwwerlieft. Ronn 90 Joer si si al, an hu sech zum Zil gesat, d’Jugend iwwer den Antisemitismus an iwwer d’Shoah opzeklären. Fir datt d’Memoire net vergiess an d’Feeler vun deemools net widderholl ginn.
De Portrait vum Gerd Klestadt vum Monique Kater:
Deen een ass Joergang 1932, deen anere 34. Si sinn Zeie vun der Shoah an alle béid soe si riicht eraus wat se fillen an denken, wa se vun hirem Schicksal erzielen. D’Sensibiliséiere vun de Jonke fir d’Vergaangenheet a fir d’Verbrieche vum 2. Weltkrich gesi si als hir Missioun géint d’Vergiessen. An dofir geet de Prix Oppenheimer dëst Joer un de Gerd Klestadt an un de Claude Marx.
Et sinn an éischter Ligne Schüler a Studenten déi d’Chance hunn, e Stéck vun der Geschicht vun dësen zwee Häre kennen ze léieren. Jo – et ass eng Chance, well et si selwer sinn, déi vun hirem Schicksal erzielen, enger ganz perséinlecher Etapp vun hirem Liewen, déi esou muncher een wuel léiwer guer net méi wëllt ernimmen, well se ze grausam war. Beim Claude Marx huet et gedauert, bis de Knuet sech geléist huet an zënterhier mécht hien esouvill fir d’Memoire, fir Memoshoah och, dass en eigentlech keng Zäit méi huet fir nach iergendeppes méi... a sech se awer hëlt.
De Claude Marx an de Gerd Klestadt si Personnagen, nee Perséinlechkeeten, déi kee Blat virun de Mond huelen a mat mir, engem Friemen, häerzlech an oppen ëmginn...An op eng Manéier schwätzen, déi ee mat an d’Vergaangenheet hëlt. Déi misst ee verstoen, fir eng Chance ze hunn, eng Eskalatioun vum haut a muer ze verhënneren, seet de Gerd Klestadt, Joergang 1932. No iwwer 2 Joer am Konzentratiounslager wäert hien ni vergiessen, dass säi Papp do ëm d’Liewe koum.
Nieft hirer Aarbecht am Sënn vum Net-Vergiesse ginn och nach Bicher geschriwwen: De Claude Marx huet eent prett iwwer de Clausener Malakoff Kierfecht a sicht en Editeur. Och dat hei wier Geschicht, och déi wier wichteg, fir d’Relatioun vun de Judde mat Lëtzebuerg ze verstoen. Deen eelste Kierfecht vun de Judden am Grand-Duché géif net vun der Stad gefleegt ginn, dobäi wieren awer intressant Leit hei begruewen, seet de Claude Marx.
De Claude Marx an de Gerd Klestad kruten de Prix Oppenheimer fir hiert Liewenswierk – mat hirer Energie an hirem Charisma wäerte si an Zukunft awer nach méi wéi een nodenklech maachen.